Skip to main content
Retour
27/02/2024

Konferenz KI @LN - 27.02.2024

An enger Zäit wou Kënschtlech Intelligenz (KI) emmer méi opkënnt, erliewen och eis Schoule potentiell eng déifgräifend Transformatioun.

An dësem Viirtrag hunn mer eis ugekuckt wéi een Impakt d’Entwécklung vu KI-Systemer méiglecherweis op d’Léieren an op d’Bildung huet.  Mir hunn eis d’Fro gestallt ob domadder wirklech den Dram vun all Schüler, respektiv den Albdram vun all Enseignant wouer gëtt.  Mir hunn eis ugekuckt wat fir nei Méiglechkeeten an Erausfuerderungen sech duerch d’Existenz a Weiderentwécklung vu KI-Systemer fir d’Schoul erginn. Mir hunn och beliicht, wei ee Potenzial sou Systemer hunn, fir d’Léieren ze revolutionéieren, notamment wat mer doduerch Neies léiere wäerte mussen a wat eventuell, an Zukunft, manner wichteg gëtt ze kennen oder ze wëssen.

A wat bedeit dat alles fir d’Elteren?

Voir la vidéo