Skip to main content
Retour

Éducation physique

Éducation physique

    NEWS

    Stage à Les 2 Alpes – Vum 24.03. bis den 30.03.2024

    PRÄSENTATIOUN

    Adresse: Lycée du Nord – Bâtiments G et H, 19, rue Général Patton, L-9551 WILTZ

    E-Mail: ln_sport@yahoo.de

    Téléphone: 95 93 20 – 333

    SPORTUNTERRECHT AM LN

    De Sportunterrecht gëtt am Sportskomplex vum LN ofgehal: eng grouss Sportshal, eng Piscine mat Sprangtuerm, e grousse Spigelsall, e Kraaft- a Spinningraum souwéi en Theroriessall stinn eis hei zur Verfügung. Weider hu mir eng Aussesportsanlag.

    De schoulinterne Léierplang vum LN, an deem d’Inhalter festgeluecht sinn, déi an deene verschiddene Klassestufen ze behandele sinn, ass breet gefächert. Um Programm stinn e.a.:

    • Klassesch Ballsportaarten (e.a. Basketball, Fussball an Handball)
    • Alternativ Équipesportaarten wéi Kinball, Rugby oder Tchoukball
    • Réckschlagsport (e.a. Dëschtennis a Badminton)
    • Geräteturnen a Parcours
    • Rhythmesch-gestalteresch Sportaarten wéi Danzen oder Akrobatik
    • Fitnesssport (e.a. Spinning, Functional Fitness, Muskulatioun)
    • Waassersport (e.a. Schwammstiler, Rettungsschwammen a Waasserball)
    • Outdooraktivitéiten wéi Mountainbike, Klammen oder Segelen

    Ëmmer geet et drëms, d’sportmotoresch Fäegkeete vum Jonken ze verbesseren a seng sozial-kooperativ Kompetenze weiderz’entwéckelen. D’Freed um Sport an un der Beweegung däerf natierlech och net feelen a si soll de Jugendlechen dozou motivéieren, och nieft der Schoul sportlech aktiv ze sinn.

    LASEL & Sportsektioun

    D’LASEL (Ligue des associations Sportives Estudiantines Luxembourgeoises) organiséiert iwwer dat ganzt Schouljoer Turnéier a Concoursen, an deenen déi verschidde lëtzebuergesch Schoulen sech an diverse Sportaarte moosse kënnen. Dës Manifestatioune ginn an der Regel donneschdes mëttes ofgehalen a fannen duerch d’ganzt Land statt.

    Och eise Lycée hëlt u ville Manifestatiounen deel! De Grupp gëtt ëmmer op d’mannst vun engem Sportsproff betreit, deen de gemeinsamen Transport mat engem Bus organiséiert. Départ a Retour sinn um Busparking vum Lycée.

    Weider huet all Schüler d’Méiglechkeet zu bestëmmten Zäiten an de Sportskomplex ze kommen an hei fräi Sport ze maachen.

    Horaire LN Sport 2023/2024:

    Lundi: 12h30-13h10 et 16h05-18h00
    Mardi: 12h15-15h45
    Mercredi: 11h40-13h10 et 16h05-18h00
    Jeudi: 12h15-15h45
    Vendredi: 11h40-13h10

    SCHWAMMEN:
    Lundi: 12h30-13h10
    Mercredi: 11h45-12h30

    LN-TROPHY

    Déi aktivste SchülerInnen am Kader vun der LASEL a vum Club de Midi Sport ginn am Enn vum Schouljoer mat engem flotte Sportsstage belount.

    Den Video 'LN-Trophy 2017' kucken:

    EVENTS A SPORT-STAGEN

    Ski- a Snowboardstage zu Landgraaf (NL)

    Virun der Chrëschtvakanz bitt d’Sportsdepartement all interesséiertem Schüler d’Méiglechkeet, während engem Dag an d’alpin Sportwelt ranzeluussen. Heifir fuere mir an d’Skihal Snowworld zu Landgraaf an Holland.

    Ski- a Snowboardstage zu Les 2 Alpes (F)

    Den LN fiert all Joer mat anere lëtzebuergesche Schoulen op Les Deux Alpes (Frankräich) an e Ski- a Snowboardstage. An der Woch virun der Ouschtervakanz kënnen d’Schüler hei an enger flotter Atmosphär Ski oder Snowboard léieren respektiv sech an enger vun dëse Wantersportaarten verbesseren.
    “Fir Ski a Snowboard ze léieren ass déi Vakanz eng gutt Geleeënheet. Dat Ganzt ass natierlech nach besser wann een déi richteg Leit bei sech huet. Et war eng schéi Woch!”  (Lynn a Florence)

    Den Video ‘Les 2 Alpes 2019’ kucken (externen Link)

    Den Video 'Les 2 Alpes 2017' kucken:

    Solidarity Run

    De Solidarity Run ass eng Sports- a Solidaritéitsmanifestatioun déi all zwee Joer am LN ofgehal gëtt. Déi ganz LN-Communitéit engagéiert sech sportlech hei während engem Dag fir e gudden Zweck.

    Den Video 'Solidarity Move 2019' kucken:

    Den Video 'Solidarity Run 2017' kucken:

    EIS ÉQUIPE

    BAUM Sydney

    BOUS Alexander

    DE BORGER Sam

    GOEDERS Simone

    HEINEN Sandy

    KALWEIT Guido

    Schwamm-Meeschter

    KINSCH Laila

    KRIER Tom

    PICARD Yves

    SCHARLÉ Joëlle

    SCHROEDER Annick

    Schwamm-Meeschtesch

    SCKUVIE Jonathan

    THEIS Jos

    Portier

    TONON Raphael

    TRAUSCH Anna

    LINKS AN DOKUMENTER