Skip to main content
Retour

LN Makerspace

LN Makerspace

Waat ass een Makerspace?

Den Makerspace ass eng Platz fir:

  • ze entdecken,
  • ze experimentéieren,
  • an kreativ Iddien ëmzesetzen.

Benotz modern Techniken fir kleng Projeten ze realiséieren, oder probéier einfach mol eppes Neies. Den Makerspace ass op fir all Interesséierten vun der LN Communautéit, du fënns hei dat passend Equipement mat professioneller Uleedung. Nei Medien an nei Technologië gewannen ëmmer méi u Bedeitung, souwuel an der Fräizäit wéi och an der Beruffswelt. Ëmsou méi wichteg ass et, des Kompetenzen an den Entrepreneursgeescht bei deene Jonken ze fërderen an hir Talenter z’ënnerstëtzen.

Weini ass den LN Makerspace op?

Den Makerspace bitt reegelméisseg:

  • Schnupperatelieren fir Gruppen: Orika, Schoulfest, Makerfest
  • Reegelméisseg Ateliere: Open Space, Club de Midi
  • Weiderbildung an Berodung.

Wou ass den LN Makerspace?

Den LN-Makerspace mam Numm PixD fënns de am Block F um 3ten Stack (F03.10).

Wie den Numm et scho seet „Pi x Daumen“ geet et hei net ëmmer sou genee an denger Fantasie an Kreativitéit soll näischt am Wee stoen. Di zoustänneg Spacekeeper encadréieren an ënnerstëtzen dech bei der Ëmsetzung vun dengem Projet.

Waat fir een Equipement hutt den LN Makerspace?

Obwuel mir eréischt zënter e puer Joer bestinn ass den Makerspace stänneg gewuess an erweidert ginn. Zur Zäit stinn folgende Maschinne an Equipementer zur Verfügung:

3D Drucker
Benotz een 3D Drucker fir computergesteiert aus engem CAD-Modell, Schicht fir Schicht een realen Prototyp ze erstellen. Een 3D Drock ass zimlech lues, dofir hunn mir an der Tëschenzäit och schonn 2 Druckeren.

Laserschneiden
Du wells an kurzer Zäit komplex Figuren rausschneiden? Oder een Bild/Text op eng Oberfläch graveieren. Dann ass eisen Laserschneider genee deen richtegen Apparat.

Workstations
Workstations mat Software wie Illustrator, Photoshop, CURA, Solidworks, Autocad, Scratch stinn zur Verfügung. Hei kanns du entwerfen, recherchéieren an programméieren.

Elektronikeck
Elektronesch Baudeeler reparéieren oder neier zesummeleiden. An eisem Elektronikeck fënns de dat néidegt Material:

  • Léitstatioun,
  • AC/DC Spannungsversuergung,
  • Dremel,
  • Multimeter,

Robotik, Programmatioun
Du interesséiers dech fir den Bau an d’Programmatioun vun Roboteren? Dann fänk kleng un mat eisen LEGO Mindstorms EV3 Roboteren oder experimentéier mat Scratch, Arduino, Raspberry, Makey Makey, …