Am Juni 2016 hu mer d’Amicale vun de Frenn vum Weltzer Lycée gegrendt.
Eis Zieler sin et de fréieren Schüler an Enseignanten eng Plaatz ze gin, wou si d’Leit vun deemols kënnen zreck gesin, al Frëndschaften opfrëschen a flott Momenter zesummen kënnen erliewen.
An deem Sënn hu mer e Kinoowend mam Andy Bausch sengen « Rusty Boys » organiséiert, mer waren zesummen an d’Stadt dem Tullio Forgiarini säin Theatersteck « Du ciel » kucken, haten e Sushiowend a waren op dem Schoulfest, dem Solidarity run vum Lycée an dem Tour de France matt derbei.
Selbstverständlech wëlle mer och eise Lycée no baussen vertrieden an di positiv Erennerungen an Erfahrungen, di mer hun, weider gin.
Eist 3. Ziel ass et denen Schüler ze hëllefen, di manner gutt do stin a sech an finanziellen Engpäss befannen. Zesummen matt der Direktioun an dem Sepas hu mer e Fond de solidarité gegrendt, deen an dese Faell einfach an onbürokratesch kann asprangen.
Mir freen eis iwert all neien Member an hoffen och an d’Zukunft op vill flott Stonnen matt all de Frenn vun eisem Lycée.
Contact: amicale@lnw.lu