Skip to main content
13/11/2026
LN Newsletter 13. November 2026

LN Newsletter 13. November 2026


NEWS


  • !! Calendrier de fin du 1er trimestre / semestre 2026-2027 Calendrier
  • Validatioun vun den elektronësche Schlësselen:Zënter dem Ufank vun dësem Schouljoer ass den elektronesche Schlëssel (Badge) wéi fréier nees just bis zu 24 Stonnen no der Validatioun valabel.
    Dës Moossnam déngt ausschliisslech der Sécherheet. Wann e verluerene Schlëssel a falsch Hänn geréit, kann een en nëmme fir eng begrenzten Zäit benotzen, fir an d’Gebai ze kommen.Dir kënnt Äre Schlëssel och beim Erausgoe validéieren, fir datt en den nächste Moien nach aktiv ass an Dir direkt an Äre Sall kënnt. Carte
    – Baussen fannt Dir Bornen un den Entréesdiere vum D00, D02, E00, ES2 F00 a G00.
    – Bannen fannt Dir eng Born um A00 bei der Loge vum Concierge an eng um D02 bei der Loge vum Service technique.

    Mat beschte Gréiss
    D’Direktioun

  • Musikalesch aktiv am LN: Dir sidd interesséiert, iech musikalesch am LN ze engagéieren? Da maacht mat bei der „Schüler-Lehrer-Band“!Schüler-Lehrer Band
  • Un d’Régenten :
    Kënnt dir w.e.g. déi zwee Flyere fir eis LN College Band an eis Schüler-Lehrer-Band mat äre Klasse deelen? Schwätzt och gär déi Schüler direkt un, déi en Instrument spillen oder gär sangen, an encouragéiert si, matzemaachen. LN College Band Schüler-Lehrer Band
    Villmools Merci fir är Ënnerstëtzung!
  • D’Amicale deelt mat, dat d’Konferenz mam Stéphane Hamen, déi den 18.11.2026 sollt sinn, op d’Fréijoer 2027 verréckelt ginn ass.
  • Är Erfarung aus dem Unterrecht ass gefrot! Kommt op de CoLab 4 an diskutéiert mat iwwer d’Roll vun de Sproochen an de Léierprozesser an hir Bedeitung fir d’Bildungsweeër vun de Schüler. – Dënschdeg, de 24. November, vu 15h bis 18hr am ECG. Informatiounen
  • Update zu de Proffeschwammplagen: Am éischten Trimester gëtt d’Proffeschwammen méindes vun der zweeter op déi éischt Stonn vun der Mëttespaus verluecht (11h40 – 12h30). Ab dem zweeten Trimester fënnt et erëm an der zweeter Stonn statt (12h30 – 13h20).

REMINDERS


Fir d’Regenten:

  • Léif Regenten! Dëst ass ee Message, deen dir net un d’Schüler musst weiderginn, mee deen un iech geriicht ass. Mir hunn an der Orientatioun een neie Grupp vu Leit, déi sech ëm all méiglech Re- Orientatioune këmmeren. Wann dir also op ärer Klass ee Schüler hutt, deen a senger Formatioun absolut net glécklech ass resp. dir elo scho gesitt, dat de Schüler den Ufuerderunge vun dëser Klass net gerecht ka ginn, da kënnt dir deen an Zukunft bei eis mellen iwwert reorientation@ln.lu. Mir kommen da fir ee Gespréich op iech zréck an huele gegeebenenfalls och Kontakt mam Schüler a mat den Elteren op, fir eventuell aner oder nei Pisten ze developpéieren. Villmools Merci fir Är Mataarbecht!
    Am Numm vun der Cellule de l’orientation
    Katrien De Bondt
  • Informatiounen zu den obligatoresche Bilansgespréicher déi laut dem Schoulgesetz op de classes inférieures (7C, 7G, 7P, 6C, 6G, 6GIF, 6P, 5C, 5G, 5GIF, 5P, 5AD, 5GS/ADS) matt den Eltere vun all Schüler musse gemaach ginn. Informations Invitation pour parents
  • Denkt drun, d’Flyere fir eis LN College Band an eis Schüler-Lehrer-Band un är Schüler weiderzeginn an si ze encouragéieren, matzemaachen. LN College Band Schüler-Lehrer Band

Fir d’Enseignanten:


FOCO



EVENTS


  • Méindes, den 23. November fënnt am Cercle Cité um 19h00 eng Podiumsdiskussion vum CAPEL statt. Informatiounen
  • Expositioun « The Way We Wear » am Kader vum Overshoot Day 2027, vum 1. bis den 21. Februar zu Wooltz, organiséiert vu Lët’z Refashion Informatiounen
  • Write for Rights – Amnesty International: Maacht mat äre Schüler bei der internationaler Campagne fir d’Verdeedegung vun de Mënscherechter! Wann dir interesséiert sidd, mellt iech beim Eventdesk (eventdesk@ln.lu). Informatiounen

AGENDA


De ganzen Agenda fannt dir hei: Agenda

Coming up…

Les informations publiées dans cette Newsletter, ainsi que les pièces jointes, sont destinées exclusivement aux membres du personnel du Lycée du Nord et ne peuvent pas être partagées.
Pour toute question ou demande de contact, veuillez utiliser l’adresse suivante : eventdesk@ln.lu
© Lycée du Nord