Kriibserreegend an aner gëfteg Stoffer an eisen Kottengskleeder? 11.000 Liter Waasser just fir 1 Jeans ze produzéieren, Kanner déi eis Kleeder hierstellen an Pestizide sprëtzen mussen … d’Schüler vun der 6G2 waren erféiert iwwert déi grujeleg Wourechten hannert äisem bëllegen Kleederkonsum.
An engem EscapeRoom konnten d’Schüler dunn hieren Teamgeescht an hirt Wëssen ënnert Beweis stellen.
Spannend war et och deenen aalen Maschinne an der Duchfabrik bei der Wollveraarbechtung nozekucken.
Retour
26/04/2024