Skip to main content
Retour
17/04/2024

Visite du Science Center - 6es - 17.04.2024

Elektrostatesch opgelueden, dass engem d’Hoer zu Bierg stinn oder agespaart an enger « Cage de Faraday » den Blëtzer ausgesat, dëst waren nëmmen puer vun de flotten Experimenter, déi äis 6ème Schüler den 17.04. am Science Center zum Erstaunen bruecht hunn. Niewent enger spektakulärer Elektro-Show an enger impressionanter Feier-Chimie-Show konnten d’Schüler vill eegen Experimenter austesten fir d’Wonner vun der Natur an der Technik kennen ze léieren.