Skip to main content
Retour
23/01/2024

Schachtournoi am LN - 23.01.2024

Schachtournoi am LN - 23.01.2024

Den 23. Januar 2024 wor eisen Schachtournoi am LN.
Insgesamt 46 Schüler haaten de Wee ob Woltz an den LN fonnt. No 7 spannende Ronnen konnten sech d’Equipen aus der Ecole Internationale Differdange(EIDE), den LCD an di 2 Equipe aus der EIDE ob dem Plaatzen 1 bis 3 klasséieren. D’Equipe aus dem LN mam Sven Closter, Din Agovic, Lex Knaus, Thierry Thillen an Elhan Hot koum ob di 7 Plaatz vun 9 Equippen. Sie hun sech gutt geschloen an et hott vil Spaass gemach. Am Classement individuel koum den Sven Closter ob Platz 24, dono den Din Agovic ob di 34., den Thierry Thillen ob di 36. den Elhan Hot ob di 37. an leider den Lex Knaus ob di läschte Plaatz 46. Bei den Non Licenciés koum den Sven Closter ob di gutt 9. Plaatz. Di genau Klassementer fannen ech hei ennen drenner bei den HTML files.
Een grousse Merci geet un den Gilles Beaume aus dem Departement vun eise Schräiner, deen di schéin Medaillen an Coupen an der CNC Fräse an ob der Dréihbänk gemach hot. D’Präisser goufen a Präsenz vum Direkter Pierre Stockreiser iwwerreecht!