Skip to main content
Retour
22/05/2024

Visite vun der Chamber - 5G2, 4TPCM an 3GCM – 22.05.2024

Visite vun der Chamber - 5G2, 4TPCM an 3GCM – 22.05.2024

D’Klassen 5G2, 4TPCM an 3GCM haten de Concours “Qu’est-ce que la démocratie?” mat hire Plakater zum Thema gewonnen an duerften doropshin den 22. Mee een Ausfluch an d’Chamber maachen. Dobäi goufen si vun hire Proffen Gillé Serge, Bouraoui Sara, Schweig Anne an Ewen Anna begleet. Souwuel ee kuerze geschichtleche Background wéi och d’Organisatioun vun der Regierung an dem Parlament kruten d’Schüler bei där Visite erkläert. Dozou konnten si sech och Andréck banne vum Gebai maachen. Mëttes goung et mam Tram op de Kierchbierg wou si de Parcours “à l’assaut du Kirchberg” matgemaach hunn. Ugefang mat enger Visite vun de Galeries souterraines bis an de Musée Dräi Eechelen als Ofschloss.