Skip to main content
Retour
24/04/2023

Stage écologique à Texel – 3/4GPS – Du 24.04. au 27.04.2023

Vum 24 bis den 27 Abrëll woren d’4GPS an d’3GPS zesummen mat hiren Biologiesproffen Amina Chabach an Arny Weber ob Texel an Holland fir den Stage Ecologique.
An enger flotter Ambiance wou di 2 Klassen gutt zesummen harmonéiert hun kruten d’Schüler d’Ecologie vum Wattenmeer an vun der Salzwiese mi no bruecht.
Sie hun och villes geléiert iwwert d’Insel am Allgemengen an iwwert d’Mieresbiologie.
Am Ecomare Ecologie’s Zentrum konnten sie gesinn wéi sech em d’Robben an d’Villercher gekëmmert gëtt, déi verlooss oder blesséiert obfonnt ginn.
Och de sportlechen Deel mam vill Velo fueren koum net ze kurz. Wëll mer de Bus mathaaten, konnte mer awer och flexibel sinn an och z.B. ee Meedchen mat engem gebrachene Fouss awer mathuelen!
An hirer fräier Zäit hun d’Schüler profitéiert fir Reiden ze goen, den Här Weber goung an d’Loft an de Shopping mat guddem Texel Kéis a Béier hot natirlech och net gefehlt!