Skip to main content
Retour
23/03/2024

Relais pour la vie - 23.03.2024

Relais pour la vie - 23.03.2024

Am Kader vum Relais pour la vie 2024 haaten e puer ganz motivéiert an sportlich Enseignant’en mat Anhang zesummen mat den Sportssproffen aus dem LN den Wee fonnt an d’Sportshaal, fir hei en flotten an sportlichen Nomëtten fir den gudden Zweck ze verbrengen.
Et gouf Volleyball, Badminton gespillt an en flotten Omnikin-Match huet daat Sportlicht hano oofgeronnt.
Niewt onsen Sportler an der Hall woren awer och eng Partie vun onsen Enseignant’en bei sëch doheem aktiv an hun ons och ganz flott Fotoen / Filmer vun hieren Aktivitéiten eragescheckt.
Daat ganzt hun mir oofgeschlooss bei engem ganz gudden Steck Kuch vun onsem beschten Ursula aus der Kichen an engem gemütlichen Patt an der Konferenz vun den Sportsproffen.
Allen Bedeeligten, besonnig den Sportsproffen en decken merci fir deen flotten an onvergiesslichen Nomëtten.