Skip to main content
Retour
03/09/2022

Podiumsplaz fir den LN op der Regatta 2022

Vum 28. August bis zum 03. September hunn 30 Equippen mat 194 Participanten un der 7ter Editioun vun der Regatta.lu Sailing Schools deelgeholl. Den LN war och dëst Joer erëm mat 3 Booter vertrueden an hutt direkt 2 Präisser mat Heem bruecht:

1. Plaatz am Groupe 2 an zousätzlech wéinst enger méi aussergewéinlecher Leeschtung déi 2te Platz vum Prix spécial endurance.

Bei enger Manche war zum Schluss guer keen Wand méi do. Fier d’Boot an der néideger Zäit iwwert d’Zillinne ze bréngen, hutt d’Equipe vum LN eng aussergewéinlech Leeschtung vollbruecht. Sie sinn an d’Waasser gesprongen an hunn d’Boot mat renger Muskelkraaft duerch d’Ziel gezunn.

Felicitatiounen un eis Gewënner!

Du bass mindestens op enger 4ieme an wëlls un der 8ter Editioun deelhuelen? Dann maach eng Mail un : christian.lutgen@education.lu

Weider Infoen op: www.regatta.lu