Skip to main content
Retour
24/01/2024

LN Liesgrupp - 24.01.2024

LN Liesgrupp - 24.01.2024

De 24. Januar huet sech den nei gegrënnten LN Liesgrupp eng éischte Kéier getraff fir iwwert e Buch ze diskutéieren. An der Cafeteria hunn 18 Enseignanten sech iwwer de Roman “Melody” vum Martin Suter ausgetosch, nodeems d’Mme Claudine Hamen eng exzellent Präsentatioun vum Liewen a vum Wierk vum schwäizereschen Auteur offréiert hat. Den Appetit deen dem Suter seng Beschreiwunge vun italieenesche Platen gemaach hunn, gouf duerno am Restaurant gestëllt. Nächste Rendez-vous ass no der Ouschtervakanz.