Mëttwochs, den 10. Januar 2024 huet d‘7G1 un engem Liesowend deelgeholl. Als éischt hunn si ënnert der Leedung vun der Mme Gérard e gudde Wok gekacht a giess. Duerno goufen an der Schoulbibliothéik ënnert der Leedung vun der Mme Kinnen Spiller ronderëm d‘Liesen an een Escaperoom organiséiert. Ofschléissend huet d’Mme Kinnen de Schüler eng spannend Virliesung gebueden.
Retour
10/01/2024