Skip to main content
Retour
15/03/2024

Internationaalt Recht, wat ass dat iwwerhaapt? – 1TPCM – 2023/24

Internationaalt Recht, wat ass dat iwwerhaapt? – 1TPCM – 2023/24

Mat dësem Thema hunn sech d’Schüler.innen vun der 1TPCM beschäftegt. Fir iech dës Thematik méi no ze bréngen, hunn si sech déi zwee aktuellsten Themen erausgesicht, nämlech de Palästina-Israel an de Russland-Ukrain Konflikt.

Den 21. Februar 2024 hat de Lycée du Nord d’Chance de Palästinenser Bassam Aramin an den Israeli Rami Elhanan, Vertrieder vum “Parents Circle – Family Forum”, eng Associatioun vu Hannerbliwwenen israelesch-palästinensesche Famillien, ze begréissen.

Bei där Gelegenheet, hunn d’Schüler aus der 1TPCM een Interview mam Herr Bassam Arami an mam Herr Rami Elhanan gemach.

Lauschtert eran!

Podcast 1

Podcast 2

Podcast 3

Bleift gespaant fir eis Videoe betreffend de Russland-Ukrain Konflikt an den Ënnerscheeder tëschent Verdriwwenen a Flüchtlingen.