Skip to main content
Retour
26/04/2024

Fréijorsmaart zu Woltz - 2GCG - 26.04.2024

Fréijorsmaart zu Woltz - 2GCG - 26.04.2024

Am Kader vum Fach “Gestion de Projet” hunn d’Dena Peetz Peiffer, d’Minela Rastoder, d’Lynn Welter, d’Maya Bras an d’Mina Ademovic vun der 2GCG ee Maart zesummen organiséiert fir de lokalen Handel ze ënnerstëtzen. Dëst Event war de 26 Abrëll 2024 an der Grand-Rue zu Wolz vu 16:00-21:00 Auer. Lokal Produzenten hate vill verschidde Produiten, Iessen a Gedrénks ugebueden. Musik a Kanneranimatioun guff och offréiert. Schlussendlech ware 25 Stänn representéiert. Souguer Stänn aus dem Ausland an och 2 Klassen aus eisem Lycée haten hier Produite verkaaft. Et war och ee Magier, engt Sprangschlass, d’Musik vu Wolz an eng Band (The Young Souls) do.
D’Meedercher hate vill Succès, et waren iwwer 300 Leit present. D’Visiteuren haten sech amuséiert an ee schéinen Ofschloss vum Dach verbruecht.
Duerch den Erléis, deen déi 5 Meedercher erzielt hunn, spende sie 951.26€ un “een Häerz fir kriibskrank Kanner”.