Skip to main content
Retour
21/11/2023

Besuch vun MeteoLux op der 3CG - 21.11.2023

Besuch vun MeteoLux op der 3CG - 21.11.2023

Am Kader vum Geographie-Cours op der 3CG huet en Dënschden, den 21. November, de Meteorologe Luca Mathias vu MeteoLux d’Klass besicht. Hien huet de Schüler a Schülerinnen an zwou Schoulstonnen de Klimawandel zu Lëtzebuerg, souwéi d’Analyse vun Extremsituatiounen a Meteoprévisiounen erkläert an hinnen de Beruff vum Meteorologe méi no bruet.

Mir soen him Merci fir déi ganz informativ Präsentatioun!