Skip to main content
Retour
05/05/2024

2DG zu London - 01.05. bis 05.05.2024

2DG zu London - 01.05. bis 05.05.2024

D’2DG war vum 01.05. bis de 05.05. zu London a gouf begleet vum Luisa Küpper a Kevin Simon.
D’Klass konnt an hieren dräi ganzen Deeg an der Weltstad eng ganz Rei verschiddensten Andréck sammelen an huet och e ganz ofwiesslungsräichen a geluedene Programm matgemaach. Niewent der Visitt vum Natural History Museum hu si di meescht vun de bekannteste Plazen zu London gesinn: Vum Buckingham Palace iwwer d’London Eye, Camden Town oder och den Trafalgar Square a Whitehall, fir just e puer Plazen ze nennen. Si hunn dobäi och geléiert, dass ee beim Iessen an och an der Tube ëmmer oppasse muss a souguer den Charles hat sech fir eis kuerz Zäit geholl.