D‘2GCG an d‘3GSO haten d’Chance vum 27.03. – 30.03. mat der Madamm Reuter an der Madamm Küpper op Stroossbuerg ze fueren, an d’Häerz vun der europäescher Demokratie aus nächster No ze entdecken. Beim Euroscola-Programm am Europäesche Parlament konnten eis Schüler a Schülerinnen sech wéi richteg Europa Deputéiert fillen, an internationale Gruppen diskutéieren an d’EU-Atmosphär live erliewen.
Nieft der Politik war och Kultur um Programm: eng flott Stadvisitt zu Stroossbuerg mat senge charmante Gaassen, guddem Iessen a ville schéine Momenter. An als perfekte Schluss: een Dag voller Spaass an Adrenalin am Europapark!
Eng Rees déi verbënnt, inspiréiert a nach laang a gudder Erënnerung bleift.
#EuropeanParliamentAmbassadorSchool #Euroscola #Democracy
@epluxembourg