Skip to main content
Retour
07/07/2026

Visitt vun der Sebes – DP1SE – 07.07.2026

Visitt vun der Sebes – DP1SE – 07.07.2026

Den 07.07.26 haat eis Schlässerklass aus dem 1. Léierjoer (DP1SE) d’Geleeënheet, d’Installatioune vun der SEBES zu Eschduerf ze besichen. Wärend der Visitt kruten d’Schüler en detailléierten Abléck an d’Gewënnung, d’Opbereedung an d’Verdeelung vum Drénkwaasser zu Lëtzebuerg. Donieft goufen och d’Moossname fir d’Qualitéitssécherung an d’Versuergungssécherheet erkläert.

Mir soen der Equipe vun der SEBES e grousse Merci fir den häerzlechen Accueil, déi kompetent Erklärungen an déi interessant Visitt, déi e wäertvolle Bäitrag zur Ausbildung vun eise Schüler duerstellt.