De 6.7. war d‘6CLC1 op Visitt bei der SEBES zu Eschduerf. Mir hunn entdeckt, wéi eist Drénkwaasser säi Wee vum Stauséi bis an de Krunn mécht.
Mat interessanten Erklärungen, flotten Animatiounen a kuerze Videoe krute mir gewisen, wou eist Drénkwaasser hierkënnt, wéi et opbereet gëtt a wéi et duerch Lëtzebuerg verdeelt gëtt.
Zum Ofschloss krut jidderee nach eng flott Drénkfläsch – perfekt, fir se direkt mat frëschem Waasser ze fëllen… fir ze drénken, natierlech. Ausser bei e puer Kreativer: déi hunn hire Kolleegen se direkt iwwert de Kapp geschott – Extra-Erfrëschung inklusive!