Am Kader vun der Orientation professionnelle ware mir den 13. Juni mat enger Grupp vu Schüler de Servior Geenzebléi besichen.
Wärend eiser flotter Visitt si mir vun hirem Engagement um 24h Velo Wëntger opmierksam gemaach ginn.
Si wiere frou iwwert weider motivéier Stampler, déi d’Pensionnairen de Weekend vum 27. & 28. Juli am Servior zu Woolz tatkräfteg wéilten ënnerstëtzen.
Du bass interesséiert matzemaachen, da mell dech beim Linda Hermes oder Susi Glodt.
Mir géife eis freeën.