Den 28.04.2025 war d’B1BO mam Herr Choque op Visite bei d‘Firma Leyendecker. Dëse Betrieb verkeeft Holz, Placken, Dieren, Buedembeleeg an nach villes méi. Moies krute d‘Studenten de Betrieb gewisen a wat sech hannert de Kulissen ofspillt. No engem leckere Mëttegiesse goung et du weider mat Erklärungen a Virstellunge vun hire Produit‘en. Hei konnten d‘Studenten vill nëtzlech Informatioune mathuelen. Op dësem Wee nach eng Kéier ee grousse Merci un d‘Firma Leyendecker.