Den 12.05.2025 war d’B1BO mam Herr Choque op Visite bei d‘Firma Hees und Peters. Dëse Betrieb verkeeft Baubeschlei, Handwierksgeschier, Handmaschinnen an awer och Groussmaschinen fir d‘Schreiner. Moies krute d‘Studenten de Betrieb gewisen an duerno gouf et Erklärunge zu Hettich Beschläge an Halemeier LED-Beleuchtung. No engem leckere Mëttegiesse goung et du weider bei d‘Groussmaschinnen. Hei krute d‘Studenten Erklärungen iwwert di ënnerschiddlech Maschinne wei z.B. CNC, Kantenanleimer a Seen. Op dësem Wee nach eng Kéier ee grousse Merci un d‘Firma Hees und Peters.