Skip to main content
Retour
28/01/2026

Visite vum Europäesche Parlament – 28.01.2026

Visite vum Europäesche Parlament – 28.01.2026

D’Schülerinnen a Schüler aus de Terminalklassen 1TPIF, 1TPCM, 1CD, 1CG an 1GCG haten déi aussergewéinlech Geleeënheet, d’Europäesche Parlament zu Bréissel ze besichen. Begleet vu Här De Kroon, Här Weiler an Här Elcheroth hu si en Abléck an d’Häerz vun de politeschen Entscheedungen kritt, déi d’Zukunft vun Europa matgestalten.

E besonnesche Moment vun dëser Visitt war d’Begéinung mam Charles Goerens, engem erfuerenen Europaparlamentarier. Hien huet d’Schülerinnen a Schüler duerch de Plenum geféiert an hinnen detailléiert an interessant Erklärungen zum Fonctionnement vun den europäeschen Institutioune ginn. Zousätzlech huet hien sech Zäit geholl, fir déi vill Froen vun de Schüler zu aktuellen an heefeg diskutéierten Themen ze beäntweren.

Verschidden Sujet’en woren hei:
– de Krich an der Ukrain,
– déi aktuell Spannungen an Aktivitéiten an der Weltpolitik,
– daat rezent ënnerschriwwen Mercosur Freihandelsoofkommen tëscht der EU an verschiddenen südamerikanischen Länner.

No dësem politeschen Abléck haten d’Schülerinnen a Schüler d’Méiglechkeet, Bréissel ze entdecken – eng lieweg Stad, an där Geschicht a Modernitéit op eng harmonesch Aart a Weis zesummekommen.