Skip to main content
Retour
21/03/2025

Visite SuperDrecksKëscht – 21.03.2025

Visite SuperDrecksKëscht – 21.03.2025

Mir haten eng ganz interessant Visitt vun der Madame De Cillia Gioia vun der SuperDrecksKëscht am Kader vun eisem Programm vun den Entreprises d’Entrainement, organiséiert vun de Jonk Entrepreneuren.

Eis Schüler, déi als Mataarbechter vun hirer Entreprise d’Entrainement Cozyness fungéieren, haten d’Geleeënheet, un engem Workshop iwwert d‘Offallgestioun deelzehuelen.

Dës Experienz huet hinnen en Abléck an eng nohalteg Offallgestioun ginn an hinne gewisen, wéi een an enger Entreprise bewosst a verantwortungsvoll mat Offall ëmgeet. Mir soen der Madame De Cillia Gioia, der SuperDrecksKëscht an de Jonk Entrepreneuren e grousse Merci fir hir Zäit an déi wäertvoll Informatiounen!