Den 13. Mee hunn d’Klassen 2GIG, 3GIG an DP3MM eng spannend Zäitrees duerch 150 Joer Eisenerzoofbau zu Lëtzebuerg erlieft. Am Musée des Mines zu Rëmeleng krute mir e flotten Abléck an déi haart an usprochsvoll Aarbecht vun de Biergleit vun deemools. Mat villen Erklärungen an interessante Geschichten hu mir méi iwwer d’Geschicht vum Minett an d’Bedeitung vum Biergbau fir Lëtzebuerg geléiert.