Skip to main content
Retour
07/07/2025

Visite Datacenter an Centre de Tri Post – 07.07.2025

Den 7. Juli woren d’Schüler vun den Klassen 4TPIF, 3TPIF, 2TPIF, DP1ET an 4TPST mat den Enseignant’en Bormes Chris, Biersbach Chris, Liefgen Sven, Maathuis Ken an Elcheroth Fränk bei d’Post Lëtzbuerg 2 Visiten maachen.

Déi éischt Visite wor moies um 10:00 Auer op der Gare zu Lëtzebuerg am Datacenter vun der Post. Hei huet den Häer Klosen ons en ganz interessanten Ableck an d’Stukturen an den Obbau vun den Post Datacenteren ginn. Dono stong och eng Visite vun dem Datecenter op der Gare um Program.

Déi zweet Visite wor mëttes um 14:30 zu Betebuerg am Centre de Tri vun der Post. Ons gouf hei déi ganz Logistik ronderem d’Gestioun vun den Päck an den Breiwer vun der Post am Alldaag erkläert. Uschléissend kruten mir live déi verschidden Maschinnen am Centre de Tri démonstréiert, déi sämtlich Päck an Bréiwer aus dem Lëtzebuerger Réseau Daag fir Daag sortéieren. Merci heifir dem Häer Clement fir déi détailléiert an ganz interessant Erklärungen.