Den 29.01.2025 hunn d’Klassen 5P1 a 5P5 mat der Madamm Veiders, der Madamm Lanckohr an der Madamm Glodt en Ausfluch an d’Stad ënnerholl. No enger interessanter Visite guidée an der Chambre des députés dierfte si mëttes am Atelier vum Chocolate House hir eege Spoons an eng Tablett Schockela kreéieren. De Chocolatier hat esouguer eng Dégustatioun vu verschiddene Schockelaszorte virbereed, déi si mat Genoss geschmaacht hunn.
D’Resultat konnt sech weise loossen a war extra gutt!