Skip to main content
Retour
03/06/2025

Visite Bois Brever S.A. Huldange - B1BO/DC2MB - 03.06.2025

Visite Bois Brever S.A. Huldange - B1BO/DC2MB - 03.06.2025

Den 3.06.2025 waren d´B1BO an DC2MB zesumme mam H. Zoetaert a H. Choque op Visite bei d‘Firma Bois Brever zu Huldange. Dëst ass ee Familljebetrib an der 3. Generatioun am Norde vu Lëtzebuerg, spezialiséiert an der Produktioun a Weiderveraarbechtung vu Bauholz an Huwwelwuer. De H. Brever huet eis de ganze Site gewisen an erkläert. Mier kruten alles gewise vum Zouschnëtt bis zum fäerdege Produkt. Et ass beandrockend wat do vu Maschinne steet an ze gesi wei do ganz Stämm a kuerzer Zeit kleng geschnidden a weiderverschafft ginn.

Op dësem Wee soe mir der Firma Brever villmools Merci fir den interessanten an informativen Dag.