Skip to main content
Retour
02/07/2026

Vernissage vun der DP1ED – 02.07.2026

Vernissage vun der DP1ED – 02.07.2026

Wa Konscht pedagogesch gëtt – Vernissage vun der DP1ED

Kanner gesinn, verstoen a begleeden – genee dorëms goung et bei der Vernissage vun der DP1ED. Ier awer Pinsel, Drot, Leem oder Recyclingmaterial zum Asaz koumen, hu sech d’Schülerinnen a Schüler eng wichteg Fro gestallt: Wéi gesinn ech d’Kand eigentlech?

Well all pedagogescht Handele fänkt mat der eegener Haltung un. Wien d’Kand als kompetent, virwëtzeg a selbststänneg gesäit, wäert et anescht begleeden ewéi een, dee léiwer alles fir d’Kand mécht. Mat dëser Fro hu sech d’Schülerinnen a Schüler intensiv auserneegesat an hir Gedanke mat vill Kreativitéit a Konschtwierker zum Ausdrock bruecht.

D’Resultater konnte sech wierklech weise loossen: kreativ, innovativ a voller Symbolik. Mat de verschiddenste Materialien an Technike sinn eenzegaarteg Wierker entstanen, déi d’Kand als staark, eenzegaarteg a kompetent Perséinlechkeet weisen – bereet, d’Welt op seng Aart z’entdecken, awer och mat Erwuessenen un der Säit, déi et begleeden, ënnerstëtzen a stäerken.

Op d’Vernissage waren och d’Klassen DP2ED, DP1IC an CC1SF agelueden. Nieft de Konschtwierker konnten d’Visiteuren iwwer e QR-Code den Erklärunge vun de Kënschtlerinnen a Kënschtler als Audio-Guide nolauschteren oder direkt mat hinnen an d’Gespréich kommen.

Eng Ausstellung, déi gewisen huet: Konscht kann zum Nodenken ureegen – an heiansdo méi erzielen ewéi dausend Wierder.