Säit iwwert 20 Joer gëtt D’Associatioun “Témoins de la 2e Génération” de Schüler aus de lëtzebuerger Lycéeën d’Geleeënheet Sie ob eng Studierees ob Auschwitz ze begleeden.
Wéi schonn dat Joer virdrun waren och dëst Joer rëm Schüler/innen aus dem LNW dobäi.
Niewent de Visitten vum Ausschwitz Stammlager, vun Auschwitz Birkenau a vu Krakau stinn bei der Rees och eng etlech interessant Workshoppen um Programm, déi gréisstendeels vu verschiddenen Membere vun den “Témoins de la 2e Génération” geleet ginn. D’Associatioun léisst de Schüler/innen awer och Méiglechkeete fir sech selwer kreativ mat dem Thema Shoah auserneen ze setzen.
Eng vun dëse Méiglechkeeten ass de Projet ”Jonker fir Jonker” de Sie virun e puer Joer an d’Liewe geruff hunn. De Projet riicht sech u Schüler a Schülerinnen déi sech méi aktiv un der Gestaltung vun der Rees wëllen bedeelegen, andeems Sie e Workshop sur Place organiséieren a selwer leeden.
D’Sarah, d’Julie an d’Amy aus dem LN hunn sech wärend der Rees ob Auschwitz 2023 beruff gefillt fir dëse Projet weider ze féieren an hunn 2 Workshoppen zu den Themen “Ausbroch aus Auschwitz” an “D’Liewen no Auschwitz” ausgeschafft an hire Matschüler ob der Rees 2024 virgestallt. An enger flotter Gespréichsronn hu Sie hier Kolleegen dozou invitéiert fir d’Liewensgeschicht vu verschiddenen Auschwitz Iwwerliewenden nozespieren, ënner anerem déi vum Henri Kichka a vum Paul Sobol. Duerch hiren Engagement konnte Sie Schüler aus dem LESC dofir gewannen, fir de Projet “Jonker fir Jonker” nächst Joer weider ze féieren.
E grousse Merci un d’Amy Scheer, d’Julie Grotz an d’Sarah Leunessen déi domat net nëmmen gehollef hunn des Rees nach méi interessant ze gestalten, mee och Traditioun vum Travail de mémoire am LN weider féieren an ausbauen, an dëst wärend hirer 1ère.
E weidere Merci geet un “Témoins de la 2e Génération” dofir datt Sie scho säit iwwert 20 Joer des Rees organiséieren, a Jonken Auschwitz, seng Geschicht an d’Geschicht vun de Leit, déi do gelidden hunn, méi no bréngen.
Sie leeschten domat e wichtege Beitrag am Kampf géint d’Vergiessen.