D‘2CBC an d‘3CBC konnten op hierem Stage écologique vum 02.07.-08.07.2024 zu Pula a Kroatien d‘Ënnerwaasserwelt vun der Adria erfuerschen an hu festgestallt datt dëse Seitenärm vom Mëttelmier voller Liewen ass:
Mir hunn eng Vilfalt vu Fësch gesinn, pickeg a manner pickeg Seeigelen, Seegurken (d’Staubsaugeren aus dem Mier), Séispannen déi sech Algen op de Réck setze fir gutt getarnt ze sinn, Einsiedlerkriibsen, déi an eidele Schleekenhäiser wunnen, a villes méi. Och direkt ënnert der Waasseruewerfläch fënnt ee vill verschidde Liewesen déi zum Plankton gehéieren an déi ee gréisstendeels nik mam bloussen An gesäit.
Un de Fielswänn konnte mir d’Vilfalt vun de sessile Liewewiese bewonneren: Gold-, Leder-, Nieren- an orang Strahleschwämm, Miertomaten a violett Nacktschnecken sen nëmme puer vun de Fielsbewunner.
Allgemeng hu mir festgestallt, datt d’Mëttelmier eng extrem grouss Biodiversitéit opweist a mir hoffen datt deen een oder anere vun eis an der nächster Vakanz un d’Mier beim Schnorchele dës wäert weider erfuerschen.
Retour
08/07/2024