Skip to main content

Ëffnungszäiten

Méindes, Mëttwochs a Freides : Vun 9.00h bis 14.00h oder op Rendez-vous

Responsabel

Véronique KINNEN

Jiddereen ass ëmmer häerzlech wëllkomm!

D’Bibliothéik ass do fir ze liesen, ze schaffen, awer och ze “chillen” a roueg ze sinn. An engem gemültleche Kader, mat Fotellen a Fatboyen, kann een sech et hei gutt goe loossen.

I-Pad’en:
Vun dësem Schouljoer un, sinn och 6 I-paden an der Bibliothéik, déi de Schüler zur Verfügung gestallt kënne ginn.

D’Bibliothéik vum LN soll ee Point de rencontre fir all Schüler sinn.

Dofir sinn iwwert d’Joer puer interessant Aktivitéite geplangt:

  • Januar/Februar:
    Manga-Atelier mat der Mangaka Sabrina Kaufmann
  • 2.Trimester:
    Liesnuecht
  • Enn Abrëll:
    Virliesconcours
  • Iwwert d’ganzt Schouljoer:
    Hëllef fir eng Oralpresentatioun*
    Virliesen**

* D’Schüler kënnen an der Bibliothéik puer wäertvoll Tippe kréien, op wat ee bei enger Oralpresentatioun oppasse soll.

**Fir déi interesséiert Klassen ginn, no Wonsch a Bedarf, Virliesungen ungebueden.