D’Schüler von der 3BC an 2BC ware vum 8. bis den 9. Juli zu Mainz. Fir ze starten hu si mat « City Games » d’Stad op spilleresch Aart a Weis entdeckt – wéi eng interaktiv Schnitzeljuegd duerch d’Mainzer Stroossen!
Den Highlight war e Besuch am Fuerschungslabo vum Pol Besenius – e fréiere Schüler aus dem LN. An och d’Schüler duerften Hand uleeën: Am Schülerlabo NatLab hu mir Experimenter an der ‘molecoolarer Kichen’ ausprobéiert, déi Wëssenschaft erliefbar gemaach hunn.