Den 23. März waren d’Schüler vun der 3CG am Kader vun hirem Geoscours de Schifermusee zu Uewermaartel besichen. Hei hu si net nëmme méi zu der historescher an ekonomescher Wichtegkeet vum Schifer an der Regioun bäigeléiert, mee konnten och an d’Carrière Johanna op -42m ënnert dem Buedem an herno hiert eege Stéck Schifer schneiden a gravéieren. Eng flott Experienz fir d’Geologie um Terrain kënnen ze gesinn!