Skip to main content
Retour
27/06/2022

Diplômes DIMAS (Promo 2019) - 27.06.2022

De Méinden 27. Juni kruten 14 Jongen a Meedercher aus der DIMAS Klasse vun 2019 hiren Diplom a Präsens vum Jos Schockmel, Instrukter bei der LFTA, an dem Andrea Gerling, Sekretärin LFTA souwi dem Charel Zoenen aus der Direktioun vum LN iwwerreecht. Den “Diplôme d’Initiation aux Métiers de l’Aéronautique et du Spatial” ass een Projet, deen aus theoretesche Couren iwwert verschidde Beräicher aus der Aviatioun besteet, mee wou och Visitten vun interessanten Institutiounen sinn, di an der Fligerei oder der Raumfaart spezialiséiert sinn, wéi zb Cargolux, SES oder d’Air Rescue.

COVID bedéngt konnten des Ausflich awer net stattfannen, mee trotzdeem woren eis Jongen a Meedercher ëmmer present bei de Couren, an hunn hiren Examen och ganz gutt ofgeschloss. Eng Fluchstonn am Motorfliger wor dann den Highlight, ob deen si sech all konnten freeën.

Normalerweis wieren d’Diplomer ob enger grousser Feier iwwerreecht ginn, mee des hot och mussen annuléiert ginn, esou dass mer lo endlech des Remise nogeholl hunn. Bei engem klengen Patt goufen nach flott Erënnerungen ausgetosch an och e bëssen iwwert Mecanique générale diskutéiert!

Di ganz Klasse hott och nach hire Proffen, dem Claude Wolter an dem Arnold Weber, di hinnen mat voller Begeeschterung de Cours gehalen hunn, Merci gesot.

Am neien Schouljoer 2022-23 wäert den LN och rëm bei dësem Projet matmaachen.