Skip to main content
Retour
16/01/2026

Remise de chèque du marché de Noël - 16.01.2026

Remise de chèque du marché de Noël - 16.01.2026

Chrëschtmaart am LN – Zesumme fir de gudden Zweck

De 16. Januar hu mir an enger feierlecher Zeremonie d’Schecke vum Chrëschtmaart iwwerreecht.

Dank dem groussen Engagement vun eise Schüler*innen, Enseignanten an de verschiddene Kommiteeën konnte mir 5.600 € u Spende sammele!

D’Spende ginn un d’Amicale vum Lycée du Nord, déi bedierfteg Schüler*innen ënnerstëtzt, esouwéi un d‘Trauerwee asbl, déi Kanner a Jugendlech begleet, déi e léiwe Mënsch verluer hunn.

All Schüler*innen, déi beim Chrëschtmaart matgehollef hunn, konnten un der Zeremonie deelhuelen, an och d’Gewënner vun de verschiddenen Aktivitéite vum Chrëschtmaart goufen geéiert

Ee schéinen Ofschlossmoment am Zeeche vun Engagement, Gemeinschaft a Solidaritéit!