Mëttwochs den 10. Juni waren d‘7P1 an d‘7P2 an d‘Stad ee Rallye maachen. Vum Knuedler aus ass et laanscht de Palais an d‘Gelle Fra bei d‘Kathedral gaangen. Duerno ass den Tour iwwert de Fëschmaart bei d‘Kasematten a mam Lift am City Museum rëm an d‘Uewerstad gaangen. Trotz dem ville Ree war et ee schéinen Dag.