Fir de Schüler Loscht ob d’Handwierk ze maachen huet Confédération du Bois et du Métal (MEWO) a verschiddenen Schoulen am Land e Promovideo dréie gelooss. Enner anerem och am LN.
An deenen 2 Videoe ginn d’Ausbildungen vum Schlässer a vum Schräiner virgestallt. Dobäi kritt een e flotten Abléck an den Alldag vun eise Léierjongen a Léiermeedercher.
Mir soen der MEWO fir hier Ënnerstëtzung vun der Ausbildung e grousse Merci. E weidere Merci geet un déi um Dréi bedeelegt Schüler an Enseignanten ouni déi de Video net zustane komme wier.