Mental Health Week – 2nd Edition
‘Let’s make self-care a priority, not just an afterthought’
Mir sinn houfreg iech matzedeelen, datt et am Schouljoer 2025/2026 eng 2. Editioun vun eiser Mental Health Week gëtt – dëst Joer ënnert dem Motto: « Let’s make self-care a priority, not just an afterthought ».
Dës Editioun gesäit e bëssen anescht aus wéi d’lescht Joer: Mir hunn eis Atelieren speziell op d’Classes supérieures ofgestëmmt, well mir gemierkt hunn, datt mir eis an der éischter Editioun nach net gezielt op déi jonk Erwuessener konzentréiert haten. Dofir hu mir de Programm dëst Joer nei konzipéiert, fir genee dës Altersgrupp besser z’erreechen. D’nächst Joer wärt d’Mental Health Week sech dann un d’Classes inférieures riichten.
Fir dëst ze erméiglechen, bide mir elo meeschtens zwou Unitéiten pro Atelier un – esou kënne mir d’Themen net nëmme ustreichen, mee wierklech verdéiwen.

Wat bedeit Self-care eigentlech?
D’Motto vun dësem Joer geheit eng wichteg Fro op:
Wat ass Self-care? Wéini ass et gesond – a wéini rutscht een an Egoismus of?
Dir verbréngt nach e puer Joer hei am Lycée, an duerno geet et eraus an “d’richteg Welt”. An der Schoul geet et net nëmmen dorëms, wat dir geléiert kritt, mee och wéi dir op Iech selwer oppasst – an dat ëmfaasst och är mental Gesondheet. Besonnesch an enger Liewensphas, an där vill passéiert, vill Erfarunge gesammelt ginn an een ëmmer méi Verantwortung iwwerhëlt.
Och nom Lycée kommen nei Erausfuerderungen op iech duer. Dofir ass et wichteg, schonn elo Zäit fir Iech selwer anzebauen. Kuckt Iech d’Workshops an – a mellt iech bei ären Enseignant, wann iech eppes interesséiert.
Foire
Eis beléifte Foire bleift natierlech bestoen a fënnt Freiden, den 16. Januar, statt.
Mellt iech do entweder als ganz Klass (U2–U4) iwwer ären Enseignant oder kommt eenzel laanscht an der U5.
D’Foire ass fir ALL Klassen op.
Umellung
D’Umellung leeft iwwert är Enseignanten.
Ären Enseignant kann sech am Teams – LN Plenum, ënnert der Rubrik LN Mental Health Week, umellen.
All weider Detailer fannt dir och an eisem Teams-Channel.
Zousätzlech Informatiounen
12. Januar 2026 – 16. Januar 2026
Schoulkommunitéit
Mir hunn net nëmmen un d’Schüler geduecht, mee och un déi ganz Schoulgemeinschaft. Sou fannt Dir als Schoulpersonal, mee och als Elteren, spezifesch Formatioune an Aktivitéiten zu verschiddenen Themen ronderëm Self-Care.
- Formatiounen fir d’Schoulpersonal
Umellung vun der Formatioun vum Dan Majerus, Trauerwee a Premier secours en santé mental geet duerch een Link vum IFEN. Den Link gett iech nach matgedeelt. Fir d’Formatioun vun der Selbstfürsorge kennt dir eis eng Mail op mhweek@ln.lu. - LN Fit x Mental Health Week – Yoga
Umellung op mhweek@ln.lu. - Elterecomité – Sacha Bachim – Konferenz
Umellung kennt no.
Mir soen Iech alleguer schonn am Viraus e grousse Merci a hoffen, Iech all am Januar ze gesinn.
Mat beschte Gréiss,
Är Mental-Health-Week-Ekipp