Skip to main content
Retour
17/06/2026

Pen Worldwide 2TPCM – 17.06.2026

Virun e puer Wochen hu mir matgedeelt, datt d’Schüler vun der 2TPCM sech als national Gewënner fir den internationale Elevator Pitch vu PEN Worldwide qualifizéiert haten.

Beim internationale Pitch sinn Equippen aus verschiddene Länner zesummekomm, fir hir Geschäftsprojete virun enger internationaler Jury virzestellen. Mat vill Engagement, Teamgeescht a Kreativitéit hunn eis Schüler sech géint eng staark international Konkurrenz behaapt a mat hirer Entreprise d’entraînemen Glocal Bites eng exzellent 3. Plaz erreecht.

Mir gratuléieren eise Schüler fir dës aussergewéinlech Leeschtung!