De 24. Abrëll huet eisen traditionellen OSNA-Moien an Zesummenaarbecht mam Service National de la Jeunesse am LN stattfonnt.
OSNA = Op der Sich no enger Ausbildungsplaz
Am Kader vun dëser Aktivitéit hu Partner aus regionale Betriber de Schüler/innen aus de Klasse 5P, 5AD an CIP COP wäertvoll Rotschléi an Tipps ginn, wéi een sech optimal op Bewerbungsgespréicher virbereet.