Skip to main content
Retour
28/01/2026

Mental Health Week - 01.2026

Mental Health Week - 01.2026

D’Département éducatif et psycho-social seet villmools Merci un all déi, déi déi zweet Editioun vun der Mental Health Week méiglech gemaach hunn ganz am Sënn vun eisem Motto: « Let’s make self-care a priority, not just an afterthought ».

Dank dem grousse Engagement vun eisen internen an externen Partner konnten am Kader vun der Woch ronn 20 Workshops vun 15 verschiddene Partner fir eise Cycle supérieur ugebuede ginn.

Als Ofschloss vun der Woch huet eng Foire mat Infostänn stattfonnt, bei där 11 verschidde Stännvertruede waren.

Parallel dozou goufen och Formatioune fir d’Personal organiséiert, dorënner de Premiers secours en santé mentale vun der Ligue Santé Mentale souwéi eng Formatioun vum Trauerwee an eng Séance Yoga mam LN Fit.

E grousse Merci geet och un den Elterencomité, deen d’Konferenz „Faktencheck Psyche“ mam Sascha Bachim op d’Been gestallt huet.

E weider Merci un all d’Klassen an Enseignant·e·s, déi sech ageschriwwen hunn an dës Woch mat Interessi an Engagement matgedroen hunn.

E ganz spezielle Merci un de Service Technique, un d’ Direktioun an un all déi engagéiert Persounen hannert de Kulissen, déi mat vill Asaz dës Woch méiglech gemaach hunn.

#MentalHealthWeek #DEPS #Merci #ZesummenStaark #Selfcare