Dëst Joër haaten déi engagéierts Schüler aus der Sportsektioun an der LASEL erem d’Méiglechkeet, sech fir de Sportsausfluch, den „LN Trophy“ unzemellen. Mir haaten vill Spaß beim Waasserski, an déi meeschte Schüler hun et no deenen 2 Stonnen um Waasser fäerdeg bruëcht, um Triolago-Séi hier „Ronnen ze dréinen“. No enger klenger Stäerkung as et Mëttes wieder am Waasserklamme gaangen. Hei konnten d‘Schüler hiert Kënnen an 3 verschieddene Schwieregkeetsgraden ënner Beweis stellen.
Owes as et mat Beachvolleyball a Fussball wieder gaangen, eet mer all zesummen um Camping Martbusch beim Lagerfeier gegrillt an iwwernuecht hun.
Deen Daag drop hu mer bei herrlechem Wieder an 30° an der oppener Schwemm zu Beaufort ausklénge gelos, eet et mam Bus erem zeréck op Woltz – an an d‘Summervakanz – gaangen as.
Mir freeën eis all schon op dee nächste Sportsausfluch!