Skip to main content
Retour
10/07/2023

LN Trophy - 07.2023

Dest Joer si mir mat eisen 20 Schüler, déi sech am meeschten am Kader vun der LASEL an der Sportsektioun engagéiert hun, op Riol an op Beaufort gefuer. Zu Riol hun eis élèves méritants eng gudd Figur op de Waasserski oofgin, eet sie no engem klenge Mettesiessen eppes ganz Neies ausprobéiert hun: Waasserklammen. Hei hun si sech op engem Gerüst iwwert dem Waasser vun Statioun zu Statioun gehangelt, sin geklommen, gesprongen a balancéiert.

Owes hu mir all zesummen bei engem grousse Lagerfeier gegrillt an hun an Holzzelter geschloof. Deen aaneren Daag hu mir traditionell mat Croissants a Baguette ugefaangen, eet eis Schüler sech am Vikingerschach, Kan-Jam a Speedminton spannend Dueller geliwwert hun. Fir ofzeschléissen hu mir de Nometten an der oppener Schwemm verbruecht, wou firun allem Spaß um Programm stoung!

Merci eisen engegéierten a virbildhafte Schüler, déi mat hierer positiver Art a Weis dozou baigedroen hun, dass eis desen LN Trophy nach laang an Erennerung bleiwe wert! Dir wart top!