Skip to main content
Retour
08/12/2025

Liesowend - 7P1 an 7P2 - 08.12.2025

Liesowend - 7P1 an 7P2 - 08.12.2025

Méindes, den 8. Dezember, hunn d’Klasse 7P1 a 7P2 um Liesowend deelgeholl. D’Schüler sinn um 16 Auer an der Schoul bliwwen an hunn nach hir Hausaufgabe fäerdeggemaach, éier et an d’Kiche bei d’Karine Gérard an de Jan De Kroon gaangen ass. Do hunn si zesumme Poulet mat Geméis an asiateschen Nuddele souwéi zwee verschidde lecker Desserten zoubereet. Nom Iesse goung et an d’Bibliothéik, wou d’Véronique Kinnen e puer flott Aktivitéite ronderëm d’Thema Liesen a Bicher organiséiert huet.