Vum 24. bis den 28. Mee waren d’Latäinschüler vu 4e-2e a Griichenland. Um Wee vun Athen iwwer Korint, Myzen, Tolo, Epidauros bis op Naflplio konnten si d’Urspréng vun eiser westlecher Zivilisatioun entdecken an erliewen (dem Perikles seng Demokratie, den Theater vum Euripides, d’Philosophie vum Sokrates, d’Literatur vum Homer, d’Historiographie vum Thukydides, d’Architektur vum Phidias etc.), an um Enn vläicht mam Lord Byron soen : Ζωή μου, σᾶς ἀγαπῶ (Zoë mou, sas agapo!) “My life, I love you!
Retour
28/05/2024