Skip to main content
Retour
30/06/2025

Konferenz Ultracycliste Dizzy - 30.06.2025

Konferenz Ultracycliste Dizzy - 30.06.2025

Den 30. Juni haat d’Amicale aus Lycée du Nord an Kader vun hieren Konferenzowender den Ultracycliste Ralph Diseviscourt (Dizzy) an den Prabelli invitéiert. Hei huet den Ralph an sain Teamkolleg den Fränk Elcheroth ons während annerhallëf Stonn en ganz interessanten Ableck ginn an dem Dizzy seng aussergeweinlich Exploit’en, déi hien an den leschten 10 Joar am Ultracyclisme all geleescht huet. Méi am Détail sinn sie agaang op dem Dizzy sain Tour vun der West- op d’Ostküst vun den USA, wou den Dizzy d’RAAM (Race Across America) matgefuer ass an do exzellenten 2. gouf. Dono ass nach en ganz flotten an professionnel opgemaachen Dokumentaire iwwert eben dësen Tour durch déi 11 Bundesstaaten vun den USA gewisen ginn. Uschléissend konnten déi gudd 60 Leit, déi do woren nach bei engem gemütlichen Patt am Bistro mam Dizzy Meet & Greet maachen an mam sympathischen Courreur sëch ënnerhaalen.