D’ASBL Protransplant, déi sech ënner anerem d’Promotioun vun der Organspend zu Lëtzebuerg zum Zil gesat huet, war de 24.03 am LN. D’Schüler vun allen 2ièmen krute vill interessant a wichteg Informatioune vermëttelt a konnten och selwer vill Froen zum Thema Organspend stellen. E grousse Merci un d’Madamm Bourg an den Här Pletgen fir déi wäertvoll Ablécker an dëst wichtegt Thema.